
MIR KËMMEREN EIS ËM IECH AN ËM ÄR GESONDHEET
Mir huelen all Persoun bei eis op, déi an hirem Alldag Sécherheet, Ënnerstëtzung a Fleeg brauch, déi un Autonomie verléiert an/oder fleegebedürfteg ass.
Mir huelen och desorientéiert Persounen a Raimlechkeeten op, déi speziell fir si ageriicht sinn. Jee no Äre Besoinen bitt eis fachiwwergräifend Equipe (Infirmieren, Krankefleeger, Ergotherapeuten, Kinesitherapeuten a Psychologen) präventiv, kurativ oder Confort-Fleeg.
D’Dokteren an Apdikter, déi an eisem Fleegeheem täteg sinn, suerge fir d’medezinesch Betreiung a fir eng optimal Qualitéit vun der Fleeg.
No der Erstellung vun engem „Gesondheetsbilan“ gëtt e personaliséierte Programm fir d’Fleeg a Betreiung opgestallt.
SOZIAALT LIEWEN
Bei eis bleift Dir ëmmer fräi fir ze wielen, fir ze decidéieren, ob Dir „eppes maache wëllt oder net“.
Eis Equipe vun Educateuren an Educatricen huet als Aufgabe an als Zil, Iech dobäi ze ënnerstëtzen:
all Är physesch an intellektuell Fäegkeeten ze erhalen a weiderzëentwéckele mat agreabelen an ofwiesslungsräichen Aktivitéiten: Spadséiergäng, verschidden Atelieren (Gesang, Bastelen, Molen…) ausgewielte Gesellschaftsspiller, Informatiouns-, Diskussiouns an Austauschveranstaltungen (Liese vun der Press, Konferenze mat Diskussiounen)…
Mir ënnerstëtzen Iech mat eisem ganzen Dynamismus dobäi, weiderhin Projeten ze entwéckelen an ëmzesetzen.

This post is also available in: French