Offeren

Mir këmmeren eis ëm Iech an Är Gesondheet

Bei eis liewe Mënschen, déi Sécherheet, Ënnerstëtzung an Hëllef am Alldag brauchen, déi amgaang sinn, hir Autonomie ze verléieren an/oder déi fleegebedierfteg sinn.

Mir empfänken och desorientéiert Persounen an engem Beräich, dee speziell fir si ageriicht ass. Eis erfueren a multidisziplinär Ekipp (Infirmieren, Aide-soiganten, Ergotherapeuten, Kinesitherapeuten a Psychologen) bidden Iech jee no Äre Besoine präventiv, kurativ oder Confortfleeg un

D’Dokteren an d’Apdikter, déi am Fleegeheem täteg sinn, suerge fir déi medezinesch Betreiung an eng optimal Qualitéit vun der Fleeg.

Nodeems e „Gesondheetsbilan“ duerchgeféiert ginn ass, gëtt en individuelle Fleegeprogramm festgeluecht an déi finanziell Prise en charge gëtt gekläert.

Sozialliewen

Bei eis bleift Dir komplett fräi an Ären Entscheedungen an decidéiert selwer, wat Dir maache wëllt a wat net.

Eis Ekipp vun Educateuren huet d’Aufgab an den Usproch, Iech ze hëllefen:

Är kierperlech a geeschteg Kompetenze mat agreabelen an ofwiesslungsräichen Aktivitéiten ze erhalen an ze entwéckelen: Spadséiergäng, verschidde Workshoppen (Sangen, Bastelen, Molen, …), geziilt Gesellschaftsspiller, Informatiouns-, Diskussiouns- an Austauschtreffen (Zeitungslektür, Virträg, Debaten) …

Mir setzen eis engagéiert dofir an, Iech dobäi ze ënnerstëtzen, weiderhi Pläng ze maachen a se ze verwierklechen.