{"id":18290,"date":"2019-12-26T17:50:26","date_gmt":"2019-12-26T16:50:26","guid":{"rendered":"http:\/\/www.alysea.lu\/?page_id=18290"},"modified":"2019-12-26T17:50:27","modified_gmt":"2019-12-26T16:50:27","slug":"dateschutzbetemmungen","status":"publish","type":"page","link":"https:\/\/www.alysea.lu\/lx\/dateschutzbetemmungen\/","title":{"rendered":"Dateschutzbet\u00ebmmungen"},"content":{"rendered":"\n<h1 class=\"wp-block-heading\">DATESCHUTZBET\u00cbMMUNGEN<\/h1>\n\n\n\n<p>D&#8217;Benotze vum Site, dee vun der Gesellschaft EMERA\nver\u00ebffentlecht g\u00ebtt, bedeit fir all Benotzer, dee vun de Servicer vum Site\nprofit\u00e9iere w\u00ebll, d&#8217;bed\u00e9ngungslost Unhuele vun de folgende Best\u00ebmmungen&nbsp; an hirer jeeweils leschter Versioun.<\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\">Rechtlech Identifikatioun<\/h2>\n\n\n\n<p>De Site g\u00ebtt\nver\u00ebffentlecht vun der Gesellschaft EMERA, enger Soci\u00e9t\u00e9 par actions simplifi\u00e9e\n(vereinfacht Aktiegesellschaft) mat engem Kapital vu 4.300.000,00 Euro, d\u00e9i am\nHandels- a Gesellschaftereg\u00ebster vu Cannes \u00ebnnert der Nummer 399 751 452\nagedroen ass, mat S\u00ebtz zu 45 All\u00e9e des Ormes \u2013 E\u2019Space park B \u2013 CS 12100 \u2013\n06254 MOUGINS Cedex, vertrueden duerch hire President, den H\u00e4r Claude CHETON,\ndeen am Kader vun d\u00ebsem Dokument&nbsp;\nuerdnungsgem\u00e9iss erm\u00e4chtegt ass, woub\u00e4i d&#8217;Gesellschaft och individuell\nals &#8220;d&#8217;Partei&#8221; oder zesumme mam Benotzer als &#8220;d&#8217;Parteien&#8221;\nbezeechent gi kann; (am Folgenden als &#8220;EMERA&#8221; bezeechent).<\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\">Definitiounen<\/h2>\n\n\n\n<p>Fir d\u00e9i folgend\nBegr\u00ebffer g\u00ebllen, onofh\u00e4ngeg dovun, ob si an der Einzahl oder an der Mehrzahl\nbenotzt ginn, \u00ebmmer folgend Definitiounen:<\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\">&#8220;Pers\u00e9inlech Donn\u00e9e\u00ebn&#8221;<\/h2>\n\n\n\n<p>Bezitt sech op all\nTyp vun Informatiounen, Donn\u00e9e\u00ebn oder Inhalter, d\u00e9i de Benotzer ug\u00ebtt an d\u00e9i am\nKader vun der Benotzung vun de Servicer vum Site gesammelt a veraarbecht a vun\nEMERA heberg\u00e9iert ginn, an d\u00e9i et am S\u00ebnn vum Gesetz &#8220;Informatique et Libert\u00e9&#8221;\nvum 6. Januar 1978 (ge\u00e4nnert duerch den Dekret vum 4. November 1991 an duerch\nd&#8217;Gesetz vum 6. August 2014, duerch dat d&#8217;Direktiv 95\/46\/EG an d&#8217;Reglement (EU)\n2016\/679 vum Europ\u00e4esche Parlament a vum Rot vum 27. Abr\u00ebll 2016 \u00ebmgesat\ngoufen), erlaben, e Benotzer, deen eng natierlech Persoun ass, ze bezeechnen\noder ze identifiz\u00e9ieren;<\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\">&#8220;Servicer&#8221;<\/h2>\n\n\n\n<p>Bezitt sech op all\nServicer, d\u00e9i EMERA dem Benotzer iwwer de Site zur Verf\u00fcgung stellt;<\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\">&#8220;Site&#8221; oder\n&#8220;Internetsite&#8221;<\/h2>\n\n\n\n<p>Bezitt sech op den\nInternetsite \u00ebnnert der URL-Adress www.emera.fr<\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\">&#8220;Benotzer&#8221;<\/h2>\n\n\n\n<p>Bezitt sech op all\nVisiteur vum Site.<\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\">Akzeptatioun vum Benotzer \u2013\nWarnhiweis<\/h2>\n\n\n\n<p>D\u00ebs Allgemeng\nNotzungsbed\u00e9ngungen (am Folgenden als &#8220;ANB&#8221; bezeechent) gi vum\nBenotzer ausdr\u00e9cklech unerkannt an akzept\u00e9iert, woub\u00e4i hien erkl\u00e4ert an\nunerkennt, se integral zur Kenntnes geholl ze hunn.<\/p>\n\n\n\n<p>Soubal de Benotzer\nuf\u00e4nkt, d&#8217;Servicer vum Site ze benotzen, a sech besonnesch op d&#8217;Newsletter vum\nSite abonn\u00e9iert oder e Formulaire um Site ausf\u00ebllt, \u00ebnnerl\u00e4it hien d\u00ebsen ANB.\nEt g\u00ebtt deemno dovun ausgaangen, dass de Benotzer all d&#8217;Regelen, d\u00e9i an d\u00ebsem\nDokument festgeluecht ginn, genee w\u00e9i d&#8217;Regelen, d\u00e9i sech an engem aneren\nDokument, dat um Site verf\u00fcgbar ass an dat op d&#8217;ANB verweist, befannen an d\u00e9i\nseng Relatioune mat Dr\u00ebttparteien a mat EMERA regelen, akzept\u00e9iert.<\/p>\n\n\n\n<p>D\u00ebs ANB g\u00eblle\nw\u00e4hrend der ganzer Dauer vun der Benotzung vum Site an esou laang, bis se\nduerch nei ANB ersat ginn.<\/p>\n\n\n\n<p>De Benotzer erkennt\noch un, dass hien d&#8217;rechtlech Hiweiser um Site consult\u00e9iert huet, \u00e9ier hien\nd&#8217;Servicer, d\u00e9i de Site ubitt, benotzt huet.<\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\">Konventioun fir Beweiser<\/h2>\n\n\n\n<p>De Benotzer erkennt\nun, dass Enregistrementer a Sauvegarden (dozou zielen och all\nConnexionsdonn\u00e9e\u00ebn), iwwer de Site (am Folgenden als &#8220;elektronesch\nDokumenter&#8221; bezeechent), t\u00ebschent dem Benotzer an EMERA d\u00e9i voll\nBeweiskraaft hunn. D\u00e9i elektronesch Dokumenter (genee w\u00e9i hir Datumer an\nAuerz\u00e4iten) g\u00ebllen deemno bei all Litige t\u00ebschent de Parteien als\nrechtsverbindlech.<\/p>\n\n\n\n<p>Den Benotzer erkennt\ndeemno a senge vertragleche Relatioune mat EMERA d&#8217;G\u00ebltegkeet an d&#8217;Beweiskraaft\nvun elektronesche Courrieren un. Och Matdeelungen, d\u00e9i iwwer de Site virgeholl\ngoufen, g\u00ebllen dem Benotzer g\u00e9intiwwer als&nbsp;\nBeweiselementer.<\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\">Entw\u00e9cklungen<\/h2>\n\n\n\n<p>EMERA beh\u00e4lt sech\nd&#8217;Recht vir, d\u00ebs ANB entspriechend der technescher Entw\u00e9cklung vum Site a&nbsp; sengen offr\u00e9ierte Servicer oder opgrond vun\nder Evolutioun vun der Legislatioun no hirem fr\u00e4ien Ermiessen ze \u00e4nneren.<\/p>\n\n\n\n<p>Allgemeng g\u00ebllt fir\nd&#8217;Benotzung vum Site duerch de Benotzer \u00ebmmer d\u00e9i jeeweils lescht Versioun vun\nden ANB, d\u00e9i zum Z\u00e4itpunkt vun der Benotzung verf\u00fcgbar ass. Et l\u00e4it an der\nVerantwortung vum Benotzer, d&#8217;ANB, d\u00e9i un Site disponibel sinn, esou oft w\u00e9i\nn\u00e9ideg ze consult\u00e9ieren.<\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\">Verstouss<\/h2>\n\n\n\n<p>All Verstouss g\u00e9int\nd\u00ebs ANB berechtegt EMERA, dem Benotzer, dee fir de jeeweilege Verstouss\nverantwortlech ass, den Zougang zu den um Site ugebuedene Servicer ze\nrefus\u00e9ieren, onofh\u00e4ngeg vun den Entschiedegungen, d\u00e9i EMERA vum Auteur vun\nd\u00ebsem Verstouss fuerdere k\u00e9int.<\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\">Allgemeng Beschreiwung vun de\nServicer<\/h2>\n\n\n\n<p>EMERA stellt de\nBenotzer e Site zur Verf\u00fcgung, op deem si sech iwwer d&#8217;Produkter a Servicer vun\nEMERA inform\u00e9iere k\u00ebnnen.<\/p>\n\n\n\n<p>Fir reegelm\u00e9isseg\niwwer Neiegkeete vun der Gesellschaft a hirer Offer inform\u00e9iert ze ginn, huet\nde Benotzer d&#8217;M\u00e9iglechkeet, sech op d&#8217;Newsletter vum Site ze abonn\u00e9ieren a\nkommerziell Informatiounen unzefroen.<\/p>\n\n\n\n<p>De Benotzer kann\nEMERA och seng Kandidatur fir eng Aarbechtsplaz zoukomme loossen.<\/p>\n\n\n\n<p>Fir weider\nInformatiounen ze kr\u00e9ien, g\u00ebtt de Benotzer opgefuerdert, de Site ze besichen.<\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\">Benotzungslizenz\nfir d&#8217;Elementer vum Site<\/h2>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\">\u00cbmfang vun de Rechter<\/h2>\n\n\n\n<p>EMERA erdeelt dem\nBenotzer, deen d\u00ebst akzept\u00e9iert, fir d&#8217;Dauer vun der Benotzung vum Site, dat\nnet exklusiivt an net iwwerdrobart Recht, de Site bannent de strikte Grenze vum\nBenotzungsber\u00e4ich, deen \u00ebnnen defin\u00e9iert g\u00ebtt, um Territoire an \u00ebnner\nBeuechtung vun de Best\u00ebmmungen, d\u00e9i an d\u00ebsem Dokument festgeluecht sinn, ze\nbenotzen (am Folgenden als &#8220;d&#8217;Lizenz&#8221; bezeechent).<\/p>\n\n\n\n<p>De Benotzer erkennt\nausdr\u00e9cklech un, dass all Rechter am Zesummenhang mat den Elementer vum Site\nexklusiv d&#8217;Propriet\u00e9it vun EMERA bleiwen.<\/p>\n\n\n\n<p>De Benotzer ka se\nweder verkafen nach oftrieden, ver\u00ebffentlechen, present\u00e9ieren, verbreeden oder\nse engem Dr\u00ebtten op eng aner Man\u00e9ier zur Verf\u00fcgung stellen.<\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\">Benotzungsber\u00e4ich<\/h2>\n\n\n\n<p>D\u00ebs Lizenz ass ausdr\u00e9cklech\nop Handlunge beschr\u00e4nkt, d\u00e9i exklusiv fir d&#8217;Notzung vum Site duerch de Benotzer\nn\u00e9ideg sinn.<\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\">Aschr\u00e4nkunge vun der Benotzung<\/h2>\n\n\n\n<p>D&#8217;Benotzung\nvum Site, dee vun EMERA ver\u00ebffentlecht an de Benotzer zur Verf\u00fcgung gestallt\ng\u00ebtt, \u00ebnnerl\u00e4it den Aschr\u00e4nkungen, d\u00e9i am Folgende beschriwwe ginn.<\/p>\n\n\n\n<p>D\u00ebs Lizenz ass\nstreng pers\u00e9inlech an de Benotzer kann d&#8217;Rechter oder Verflichtungen, d\u00e9i him\nopgrond vun d\u00ebser Lizenz zoustinn, net ouni de schr\u00ebftlechen Accord am Virfeld\nvun EMERA oftrieden, iwwerdroen oder deleg\u00e9ieren.<\/p>\n\n\n\n<p>Sou zum Beispill\nverbitt EMERA all Benotzer, ouni hir schr\u00ebftlech Erlaabnes eng vun de folgenden\nOperatiounen duerchzef\u00e9ieren:<\/p>\n\n\n\n<ul class=\"wp-block-list\"><li>d&#8217;Elementer\nvum Site ganz oder deelweis ze kop\u00e9ieren;<\/li><li>de\nSite, deen zur Verf\u00fcgung gestallt g\u00ebtt, mat alle Moyenen an \u00ebnnert alle Formen,\nganz oder deelweis, sief et permanent oder z\u00e4itweileg, ze reproduz\u00e9ieren;<\/li><li>d&#8217;Elementer\nvum Site, den (d&#8217;)Computerprogramm(er) an d&#8217;Softwarel\u00e9isung(en)\nzer\u00e9ckz\u00ebentw\u00e9ckelen, ze dekompil\u00e9ieren oder auserneenzehuelen, mat Ausnam vun\ndeem, wat ausdr\u00e9cklech vun de g\u00ebltege Gesetzer erlaabt ass;<\/li><li>d&#8217;Duerstellung\nan d&#8217;Inhalter vum Site, den (d&#8217;)Computerprogramm(er) an d&#8217;Softwarel\u00e9isung(en),\nd&#8217;Mark, den Handelsnumm, d&#8217;Logoen asw., d\u00e9i um Site duergestallt sinn,&nbsp; ze \u00e4nneren, ze verfriemen, unzepassen oder op\niergendeng aner Man\u00e9ier ze ver\u00e4nneren oder d&#8217;Angaben iwwer d&#8217;Identifikatioun an\nd&#8217;Propriet\u00e9it vum Site, besonnesch d&#8217;Nimm vun de Contributeuren, ze l\u00e4schen;<\/li><\/ul>\n\n\n\n<ul class=\"wp-block-list\"><li>de Site ganz oder deelweis ze\n     iwwersetzen, unzepassen, ze \u00ebmzegestalten oder ze ver\u00e4nneren;<\/li><li>Computerprogramm(er) a\n     Softwarel\u00e9isungen, d\u00e9i an de Presentatiounen oder an den Inhalter vum Site\n     virkomme k\u00ebnnen, ze l\u00e4schen oder ofze\u00e4nneren;<\/li><li>op de Code source vun der\n     Software, aus d\u00e4r sech de Site zesummesetzt, zouzegr\u00e4ifen;<\/li><li>ouni de schr\u00ebftlechen Accord\n     vun EMERA am Virfeld, Performancetester oder -analysen oder Evaluatiounen\n     am Zesummenhang mam Site ze ver\u00ebffentlechen,<br>\n     <br>\n     <\/li><\/ul>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\">Dauer<\/h2>\n\n\n\n<p>Nodeems se erdeelt\ngouf, g\u00ebllt d\u00ebs Lizenz fir d&#8217;Dauer vun der Benotzung vum Site.<\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\">Territoiren<\/h2>\n\n\n\n<p>D\u00ebs Lizenz g\u00ebtt vun\nde Parteien ausdr\u00e9cklech op d&#8217;Territoir\u00eb vun der ganzer Welt beschr\u00e4nkt.<\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\">Equipementer<\/h2>\n\n\n\n<p>D&#8217;Benotzen an den\n\u00cbnnerhalt vun all informateschem, telefoneschem an anerem Equipement, dat\nn\u00e9ideg ass, fir Zougang zum Site ze hunn, l\u00e4it an der Verantwortung vum Benotzer,\ndeen och eleng d&#8217;K\u00e4schten dovun dr\u00e9it. EMERA kann net haftbar gemaach ginn am\nFall vun engem Schued un engem Equipement am Kader vun der Benotzung vum Site.<\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\">Pers\u00e9inlech Donn\u00e9e\u00ebn<\/h2>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\">Sammele\nvu Pers\u00e9inlechen Donn\u00e9e\u00ebn<\/h3>\n\n\n\n<p>Um Site ginn d\u00e9i\nfolgend pers\u00e9inlech Donn\u00e9e\u00eb gesammelt:<\/p>\n\n\n\n<ul class=\"wp-block-list\"><li>Abonn\u00e9iere vun der Newsletter<\/li><\/ul>\n\n\n\n<p>Wann de Benotzer\ndecid\u00e9iert, d&#8217;Newsletter vum Site ze abonn\u00e9ieren, da g\u00ebtt seng E-Mail-Adress\ngesp\u00e4ichert.<\/p>\n\n\n\n<ul class=\"wp-block-list\"><li>Ufro fir Dokumenter gesch\u00e9ckt ze kr\u00e9ien<\/li><\/ul>\n\n\n\n<p>Wann de Benotzer de Formulaire ausf\u00ebllt, fir Dokumenter\nunzefroen, sammelt de Site d\u00e9i folgend Pers\u00e9inlech Donn\u00e9e\u00ebn:<\/p>\n\n\n\n<ul class=\"wp-block-list\"><li>Uried, Numm a Virnumm;<\/li><li>E-Mail-Adress;<\/li><li>Telefonsnummer;<\/li><li>Postadress.<\/li><li>Ufro fir zer\u00e9ckgeruff ze ginn<\/li><li>Numm;<\/li><\/ul>\n\n\n\n<ul class=\"wp-block-list\"><li>E-Mail-Adress;<\/li><li>Telefonsnummer;<\/li><li>Postadress.<\/li><\/ul>\n\n\n\n<ul class=\"wp-block-list\"><li>Ufro fir e Kontakt mat der Direktioun, mam\nClientsservice oder dem Gesellschaftss\u00ebtz<\/li><\/ul>\n\n\n\n<p>Wann de Benotzer\niergendee Formulaire ausf\u00ebllt, fir a Kontakt mat der Direktioun, mam\nClientsservice oder dem Gesellschaftss\u00ebtz ze trieden, sammelt de Site d\u00e9i\nfolgend Pers\u00e9inlech Donn\u00e9e\u00ebn:<\/p>\n\n\n\n<ul class=\"wp-block-list\"><li>Uried,\n     Numm a Virnumm;<\/li><li>E-Mail-Adress;<\/li><li>Telefonsnummer;<\/li><li>Postadress.<br>\n     <br>\n     <\/li><li>Kandidatur fir eng Aarbechtsplaz<\/li><\/ul>\n\n\n\n<p>Wann den Benotzer\neng spontan Kandidatur oder eng spezifesch Kandidatur als \u00c4ntwert op eng Offre\nd\u2019emploi, d\u00e9i um Site ver\u00ebffentlecht gouf, asch\u00e9ckt, sp\u00e4ichert de Site d\u00e9i\nfolgend Pers\u00e9inlech Donn\u00e9e\u00ebn:<\/p>\n\n\n\n<ul class=\"wp-block-list\"><li>Uried,\n     Numm a Virnumm;<\/li><li>E-Mail-Adress,<\/li><li>Postadress;<\/li><li>Telefonsnummer;<\/li><li>Curriculum vitae;<\/li><li>Motivatiounsbr\u00e9if (n\u00ebmmen am Fall vun enger\nspezifescher Kandidatur).<br>\n<br>\n<\/li><li>Cookies<\/li><\/ul>\n\n\n\n<p>Am Kader vun der\nBenotzung vum Site gi Cookies agesat. De Benotzer huet d&#8217;M\u00e9iglechkeet,\nd&#8217;Cookies iwwer d&#8217;Astellunge vu sengem Browser ze desaktiv\u00e9ieren.<\/p>\n\n\n\n<ul class=\"wp-block-list\"><li>Verwendung vun de Pers\u00e9inlechen Donn\u00e9e\u00ebn<\/li><\/ul>\n\n\n\n<p>D&#8217;Pers\u00e9inlech\nDonn\u00e9e\u00ebn, d\u00e9i bei de Benotzer erhuewe ginn, d\u00e9ngen dozou, d&#8217;Servicer vum Site\nzur Verf\u00fcgung ze stellen, d\u00ebs Servicer ze verbesseren an e ges\u00e9chert \u00cbmfeld ze\ngarant\u00e9ieren. M\u00e9i genee ginn d&#8217;Donn\u00e9e\u00eb folgendermoosse benotzt:<\/p>\n\n\n\n<p>\u2013 Traitement vum\nBenotzer senger Ufro, fir Dokumenter gesch\u00e9ckt ze kr\u00e9ien;<\/p>\n\n\n\n<p>\u2013 Traitement vum Benotzer\nsenger Ufro, fir zer\u00e9ckgeruff ze ginn;<\/p>\n\n\n\n<p>\u2013 Traitement vum\nBenotzer senger Ufro, fir a Kontakt ze trieden;<\/p>\n\n\n\n<p>\u2013 Traitement vum\nBenotzer senger Kandidatur op eng Aarbechtsplaz;<\/p>\n\n\n\n<p>\u2013 Erstelle vu\nVisiteurs-Statistiken;<\/p>\n\n\n\n<p>\u2013 Versch\u00e9cke vun\nNewsletteren un d&#8217;Benotzer;<\/p>\n\n\n\n<p>\u2013 Zousch\u00e9cke vu\nkommerziellen a Marketingsinformatiounen, en fonction vun dem Benotzer senge\nPreferenzen.<\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\">Versuerge\nvun den Donn\u00e9e\u00ebn<\/h3>\n\n\n\n<p>D\u00e9i Pers\u00e9inlech Donn\u00e9e\u00eb gi vun EMERA fir d\u00e9i folgend Dauer\nversuergt:<\/p>\n\n\n\n<ul class=\"wp-block-list\"><li>Donn\u00e9e\u00ebn, d\u00e9i beim Abonnement op\nd&#8217;Newsletter gesammelt goufen: w\u00e4hrend der ganzer Dauer vum Abonnement vum\nBenotzer op d&#8217;Newsletter, a w\u00e4hrend enger Dauer vun 3 Joer nom Desabonnement.<\/li><li>Donn\u00e9e\u00ebn, d\u00e9i am Kader vun enger Ufro fir\nDokumenter gesch\u00e9ckt ze kr\u00e9ien, fir zer\u00e9ckgeruff ze ginn oder fir a Kontakt ze\ntrieden, gesammelt goufen: w\u00e4hrend enger Dauer vun 3 Joer.<\/li><li>Donn\u00e9e\u00ebn, d\u00e9i am Kader vun engem Benotzer\nsenger Kandidatur fir eng Aarbechtsplaz gesammelt goufen: w\u00e4hrend enger Dauer\nvun engem Joer.<\/li><\/ul>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\">Deele vun de Pers\u00e9inlechen Donn\u00e9e\u00eb mat Dr\u00ebttparteien<\/h3>\n\n\n\n<p>D\u00e9i Pers\u00e9inlech\nDonn\u00e9e\u00eb k\u00ebnnen a folgende F\u00e4ll mat Dr\u00ebttparteie gedeelt ginn:<\/p>\n\n\n\n<ul class=\"wp-block-list\"><li>Wann de Benotzer dem Internetsite vun enger\nDr\u00ebttpartei erlaabt, op seng Donn\u00e9e\u00ebn zouzegr\u00e4ifen;<\/li><li>Wann d&#8217;Gesetz et verlaangt, kann de Site\nDonn\u00e9e\u00eb weiderleeden, fir op Reklamatiounen, d\u00e9i g\u00e9int de Site erhuewe goufen,\nze reag\u00e9ieren a fir d\u00e9i administrativ a geriichtlech Prozeduren anzehalen;<\/li><li>Wann de Site an d&#8217;Prozedur vun enger\nFusioun, engem Kaf oder Verkaf vu Verm\u00e9igensw\u00e4erter oder enger\nZwangsverwaltungs impliz\u00e9iert ass, kann et sinn, dass e seng Verm\u00e9igensw\u00e4erter,\neinschliisslech de Pers\u00e9inlechen Donn\u00e9e\u00ebn, ganz oder deelweis oftrieden oder\ndeele muss. An deem Fall ginn d&#8217;Benotzer inform\u00e9iert, \u00e9ier d&#8217;Pers\u00e9inlech\nDonn\u00e9e\u00ebn un eng Dr\u00ebttpartei weidergeleet ginn.<\/li><\/ul>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\">S\u00e9cherheet a Vertraulechkeet<\/h3>\n\n\n\n<p>De Site\nimplement\u00e9iert organisatoresch, technesch, softwaretechnesch a physesch\nMoossnamen am Ber\u00e4ich vun der digitaler S\u00e9cherheet, fir d\u00e9i Pers\u00e9inlech Donn\u00e9e\u00eb\ng\u00e9int Ver\u00e4nnerungen, Zerst\u00e9ierungen an onberechtegten Zougr\u00ebff ze sch\u00fctzen. Et\ng\u00ebtt awer drop higewisen, dass den Internet kee komplett ges\u00e9chert \u00cbmfeld ass,\nan dass de Site d&#8217;S\u00e9cherheet vun der Iwwerdroung oder vun der Sp\u00e4icherung vun\nden Informatiounen um Internet net garant\u00e9iere kann.<\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\">\u00cbmsetzung vun de Benotzer hire Rechter<\/h3>\n\n\n\n<p>Laut der\nReglementatioun, d\u00e9i fir Pers\u00e9inlech Donn\u00e9e\u00eb g\u00ebllt, verf\u00fcgen d&#8217;Benotzer iwwer\nd\u00e9i folgend Rechter:<\/p>\n\n\n\n<p>\u2013 Si k\u00ebnnen hiert\nRecht op Zougang zu de Pers\u00e9inlechen Donn\u00e9e\u00ebn, d\u00e9i si betreffen, aus\u00fcben,\nandeems si un d\u00e9i folgend E-Mail-Adress schreiwen: arco@emera.fr. An d\u00ebsem Fall\nkann de Site virun der \u00cbmsetzung vun d\u00ebsem Recht e Beweis vun der Identit\u00e9it\nvum Benotzer fuerderen, fir d&#8217;Richtegkeet ze iwwerpr\u00e9iwen;<\/p>\n\n\n\n<p>\u2013 Wann d\u00e9i\nPers\u00e9inlech Donn\u00e9e\u00ebn, d\u00e9i um Site gesp\u00e4ichert sinn, net richteg sinn, k\u00ebnnen d&#8217;Benotzer\nfuerderen, dass si aktualis\u00e9iert ginn, andeems si un d\u00e9i folgend E-Mail-Adress\nschreiwen: arco@emera.fr;<\/p>\n\n\n\n<p>\u2013 D&#8217;Benotzer k\u00ebnnen\nufroen, dass hir Pers\u00e9inlech Donn\u00e9e\u00ebn am Aklang mat de Gesetzer, d\u00e9i am Ber\u00e4ich\nvum Dateschutz uwendbar sinn, aktualis\u00e9iert oder gel\u00e4scht ginn, andeems si un\nd\u00e9i folgend E-Mail-Adress schreiwen: arco@emera.fr.<\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\">Entw\u00e9cklung vun d\u00ebser Klausel<\/h3>\n\n\n\n<p>De Site beh\u00e4lt sech\nd&#8217;Recht vir, d\u00ebs Klausel iwwer de Schutz vun de pers\u00e9inlechen Donn\u00e9e\u00ebn zu all\nMoment ze \u00e4nneren. Wann d\u00ebs Klausel iwwer de Schutz vun de pers\u00e9inlechen\nDonn\u00e9e\u00eb ge\u00e4nnert g\u00ebtt, engag\u00e9iert de Site sech, eng nei Versioun um\nInternetsite ze ver\u00ebffentlechen. De Site inform\u00e9iert och d&#8217;Benotzer iwwer d\u00ebs\n\u00c4nnerung an engem E-Mail, dee mindestens 15 Deeg \u00e9ier d\u00e9i nei Versioun a Kraaft\ntr\u00ebtt, versch\u00e9ckt g\u00ebtt. Wann de Benotzer net mat de Bed\u00e9ngunge vun der neier\nVersioun vun der Dateschutzklausel averstanen ass, huet hien d&#8217;M\u00e9iglechkeet,\nd&#8217;L\u00e4sche vu senge Pers\u00e9inlechen Donn\u00e9e\u00ebn unzefroen, andeems hien un\narco@emera.fr. schreift.<\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\">Propri\u00e9t\u00e9 intellectuelle<\/h2>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\">Anhale vun de Rechter am Zesummenhang mat der\nPropri\u00e9t\u00e9 intellectuelle<\/h3>\n\n\n\n<p>EMERA beh\u00e4lt sech\nd&#8217;Propriet\u00e9it vun alle Rechter am Zesummenhang mat der Propri\u00e9t\u00e9\nintellectuelle, d\u00e9i benotzt ginn, fir dass de Site funktion\u00e9iert, vir. Allgemeng\nsinn all Elementer, d\u00e9i um Site duergestallt oder benotzt ginn, als geeschtegt\nEegentum gesch\u00fctzt (&#8220;d&#8217;Elementer&#8221;).<\/p>\n\n\n\n<p>All Reproduktioun,\nDuerstellung, Benotzung oder Upassung vun allen oder vun engem Deel vun den\nElementer vum Site, \u00ebnnert egal w\u00e9i enger Form, ouni schr\u00ebftlech Erlaabnes vun\nEMERA am Virfeld, ass streng verbueden. D&#8217;Tatsaach, dass EMERA keng Prozedur\naleet, soubal si vun d\u00ebsen onerlaabte Benotzunge Kenntnes huet, bedeit net,\ndass si d\u00ebs Benotzungen akzept\u00e9iert an op eng Poursuite verzicht.<\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\">Droit d\u2019auteur \u2013 Copyright \u00a9 \u2013 Linken (d\u00e9i EMERA oder\nhire Partner geh\u00e9ieren)<\/h3>\n\n\n\n<p>De Site respekt\u00e9iert\nden Droit d\u2019auteur, genee w\u00e9i d\u00e9i domat verbonne Schutzrechter (am Folgenden\n&#8220;d&#8217;Droits d\u2019Auteur&#8221; genannt). All d&#8217;Droits d\u2019Auteur vun de gesch\u00fctzte\nWierker, d\u00e9i um Site reproduz\u00e9iert a kommunik\u00e9iert ginn, si weltw\u00e4it\nvirbehalen. Ouni Erlaabnes ass all aner Benotzung vun de Wierker w\u00e9i d\u00e9i\nindividuell a privat Reproduktioun a Consultatioun, verbueden.<\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\">Reproduktioun um Pabeier<\/h2>\n\n\n\n<p>D&#8217;Reproduktioun (den\nAusdrock) vu S\u00e4ite vum Site op Pabeier ass fir reng privat an net kommerziell\nZwecker erlaabt.<\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\">Reproduktioun op engem elektronesche\nSupport<\/h2>\n\n\n\n<p>D&#8217;Reproduktioun vum\nSite oder vun Deeler vum Site op engem elektronesche Support ass verbueden.<\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\">Aschr\u00e4nkungen<\/h2>\n\n\n\n<p>All\nd&#8217;Marken an all aner Rechter am Zesummenhang mat der Propri\u00e9t\u00e9 intellectuelle\num Inhalt vum Site (dozou ziele besonnesch Informatiounen, Texter, Biller,\nDroits d\u2019auteur, Zeechnungen a Modeller) an un der Struktur vum Site geh\u00e9ieren\nEMERA. Ouni eng schr\u00ebftlech an ausdr\u00e9cklech Erlaabnes vun EMERA am Virfeld ass\nkeng Benotzung vun d\u00ebsem Inhalt a vun de Rechter am Zesummenhang mat der\nPropri\u00e9t\u00e9 intellectuelle erlaabt. All d\u00ebs Rechter ginn ausdr\u00e9cklech virbehalen.<\/p>\n\n\n\n<p>De\nBenotzer engag\u00e9iert sech, d&#8217;Rechter am Zesummenhang mat der Propri\u00e9t\u00e9\nintellectuelle vun EMERA op allen Elementer, d\u00e9i de Site vun EMERA bilden, ze\nrespekt\u00e9ieren an d\u00ebs Rechter och vun Dr\u00ebttpartei anhalen ze loossen.<\/p>\n\n\n\n<p>De Benotzer\nengag\u00e9iert sech, EMERA direkt iwwer eng Verletzung vun de Rechter am\nZesummenhang mat der Propri\u00e9t\u00e9 intellectuelle, d\u00e9i hien eventuell festgestallt\nhuet, ze inform\u00e9ieren.<\/p>\n\n\n\n<p>De\nBenotzer erkennt un an akzept\u00e9iert, dass den Zougang zum Site an zum (zu den)\nComputerprogramm(er) an der (den) Softwarel\u00e9isung(en), d\u00e9i EMERA him zur\nVerf\u00fcgung stellt, a kenger Hisiicht mat der Iwwerdroung oder der Concessioun\nvun de Rechter am Zesummenhang mat der Propri\u00e9t\u00e9 intellectuelle (besonnesch\nd&#8217;Recht op d&#8217;Marken oder d&#8217;Droits d\u2019auteurs) an den anere Rechter zugonschte\nvum Benotzer vum Site gl\u00e4ichzestellen ass.<\/p>\n\n\n\n<p>Et ass deemno streng\nverbueden, de Site ouni d\u00e9i ausdr\u00e9cklech a schr\u00ebftlech Erlaabnes vun EMERA ze\nreproduz\u00e9ieren, ze verbreeden, ze iwwerdroen, ze ver\u00ebffentlechen, Zougang iwwer\ne Link oder en Hypertext-Link ze verm\u00ebttelen, ze ver\u00e4nneren, unzepassen oder ze\nverbesseren. All Verstouss g\u00e9int d\u00ebs Klausel kann eng Verletzung vum Droit\nd\u2019auteur, vun der Mark oder vun engem anere Recht am Zesummenhang mat der\nPropri\u00e9t\u00e9 intellectuelle bewierken, d\u00e9i de Benotzer der Gefor vun zivillen oder\npenale Sanktiounen aussetze kann.<\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\">Matdeelungen<\/h3>\n\n\n\n<p>All\nPreavisen a Matdeelungen, d\u00e9i an d\u00ebsem Vertrag virgesi sinn, mussen, am Fall\nvun EMERA un d&#8217;Adress, d\u00e9i um Ufank vun d\u00ebsem Dokument uginn ass, an am Fall\nvum Benotzer, un d&#8217;Adress, d\u00e9i hien am (an den) Formulaire(n) um Site, d\u00e9i\neventuell reegelm\u00e9isseg \u00e0 jour gesat ginn, ug\u00ebtt, gesch\u00e9ckt ginn, am Aklang mat\nde Best\u00ebmmunge vun d\u00ebsem Dokument.<\/p>\n\n\n\n<p>All Matdeelungen,\nd\u00e9i laut de Best\u00ebmmunge vun d\u00ebsem Dokument virgeholl ginn, g\u00ebllen als valabel\n\u00ebnnert de folgende Konditioune versch\u00e9ckt an empfaangen:<\/p>\n\n\n\n<ul class=\"wp-block-list\"><li>E-Mail \u2013 den Dag vum Versch\u00e9cken;<\/li><li>ageschriwwene Br\u00e9if mat AR \u2013 den Dag nom\nDatum, deen um Accus\u00e9 de r\u00e9ception steet.<\/li><\/ul>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\">Litigen a Geriichtsbarkeet<\/h3>\n\n\n\n<p>De Vertrag \u00ebnnerl\u00e4it\ndem frans\u00e9ische Recht.<\/p>\n\n\n\n<p>All Streidegkeeten\nam Zesummenhang mat d\u00ebsem Vertrag gi virun d\u00e9i materiell an territorial\nzoust\u00e4nneg Juridiktioun gedroen.<\/p>\n\n\n\n<h1 class=\"wp-block-heading\">&nbsp;<\/h1>\n\n\n\n<h1 class=\"wp-block-heading\">PANNEAU FIR D\u2019GESTIOUN VUN DE COOKIES:<\/h1>\n\n\n\n<p>Panneau fir d\u2019Gestioun vun de Cookies<\/p>\n\n\n\n<p>Andeems Dir d\u00ebs Servicer vun Dr\u00ebttparteien zouloosst,\nakzept\u00e9iert Dir d\u2019Hannerlee\u00ebn an d\u2019Liese vu Cookies &nbsp;an den Asaz vun Tracking-Technologien, d\u00e9i fir\nde Fonctionnement n\u00e9ideg sinn.<\/p>\n\n\n\n<p>Preferenze fir all d\u2019Servicer<\/p>\n\n\n\n<p>\u2713 All d\u2019Cookies zouloossen<\/p>\n\n\n\n<p>\u2717 All d\u2019Cookies verbidden<\/p>\n\n\n\n<p>D\u2019Servicer, mat deenen d\u2019Audience gemooss g\u00ebtt, erlaben et\nStatistiken iwwer d\u2019Frequentatioun opzestellen, d\u00e9i fir d\u2019Verbesserung vum Site\nn\u00ebtzlech sinn.<\/p>\n\n\n\n<p>Google Analytics (ga.js)<\/p>\n\n\n\n<p>D\u00ebse\nService huet 4 Cookies hannerluecht.<\/p>\n\n\n\n<p>M\u00e9i doriwwer\ngewuer ginn &#8211; Op den offizielle Site goen<\/p>\n\n\n\n<p>M\u00e9i doriwwer\ngewuer ginn \u2013 Op den offizielle Site goen<\/p>\n\n\n\n<p>\u2713 Erlaben \u2717 Verbidden<\/p>\n\n\n\n<h1 class=\"wp-block-heading\">RECHTLECH HIWEISER:<\/h1>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\">EMERA<\/h2>\n\n\n\n<p>E\u2019SPACE PARK B<br>\n45, All\u00e9e des Ormes<br>\nCS 12100<br>\n06254 MOUGINS CEDEX<\/p>\n\n\n\n<p>SAS mat engem Kapital vu 4 300 000 \u20ac \u009f RCS GRASSE Nr. 399 751\n452<\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\"><strong>SITE HEBERG\u00c9IERT VUN:<\/strong><\/h2>\n\n\n\n<p><a href=\"https:\/\/www.ovh.com\/fr\/index.xml\">Ovh<\/a><\/p>\n\n\n\n<p>Am\nAklang mam Artikel 27 vum Gesetz Nr. 78-17 Informatique et Libert\u00e9 vum\n06\/01\/1978 garant\u00e9iere mir Iech d&#8217;Recht, d&#8217;Donn\u00e9e\u00ebn, d\u00e9i Iech betreffen, ze\nconsult\u00e9ieren, ze \u00e4nneren an ze l\u00e4schen. Wann Dir d\u00ebs Recht\naus\u00fcben oder net vun eis kontakt\u00e9iert gi w\u00ebllt, da sch\u00e9ckt eis eng Noriicht\niwwer de Site:&nbsp;<a href=\"http:\/\/www.emera.fr\/contact\/\" target=\"_blank\" rel=\"noreferrer noopener\">cliquez sur le lien<\/a><\/p>\n\n\n\n<p>Site heberg\u00e9iert vun OVH,140 Quai du Sartel, 59100 Roubaix Tel.\n1007<\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\">EDITEUR<\/h2>\n\n\n\n<p>D&#8217;Gesellschaft EMERA, Soci\u00e9t\u00e9 par actions simplifi\u00e9e\n(vereinfacht Aktiegesellschaft) mat engem Kapital vu 4.300.000,00 Euro,\nagedroen am Handels- a Gesellschaftereg\u00ebster vu Cannes \u00ebnnert der Nummer 399\n751 452, mat S\u00ebtz zu 45 All\u00e9e des Ormes \u2013 E\u2019Space park B \u2013 CS 12100 \u2013 06254\nMOUGINS Cedex, vertrueden duerch hire President, den H\u00e4r Claude CHETON, (am Folgenden\nals &#8220;EMERA&#8221; bezeechent),<\/p>\n\n\n\n<p>Vertrueden duerch\nhiren aktuelle President, den H\u00e4r Claude CHETON, deen an d\u00ebsem Kader\nuerdnungsgem\u00e9iss erm\u00e4chtegt ass.<\/p>\n\n\n\n<p>Innergemeinschaftlech TVAsnummer:&nbsp;<strong>FR 09 399 751 452<\/strong><\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\">DIREKTIOUN FIR D&#8217;PUBLIKATIOUN AN D&#8217;REDAKTIOUN<\/h2>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\">Direkter vun der Publikatioun:<\/h3>\n\n\n\n<p>Responsabel fir\nd&#8217;Kommunikatioun<br>\nEMERA<br>\nCS 12100<br>\n06254 MOUGINS CEDEX<br>\nT 04 92 990 990<\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\">Webentw\u00e9cklung:<\/h3>\n\n\n\n<p>All Korrespondenz am\nZesummenhang mat der Aus\u00fcbung vun de Rechter aus dem Gesetz Nr. 1881-07-29 vum\n29. Juli 1881 iwwer d&#8217;Pressefr\u00e4iheet an dem Gesetz Nr. 86-1067 vum 30.September\n1986 iwwer d&#8217;Kommunikatiounsfr\u00e4iheet muss un de Responsabele vun der\nKommunikatioun geriicht ginn.<\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\">CREDITS VUM SITE<\/h2>\n\n\n\n<p>Content\nManagement-Tool:WORDPRESS<\/p>\n\n\n\n<p>Konzeptioun vum Site: IDEAL COM Villantipolis, Villa N\u00b06, 473\nRoute des Dolines, 06560 Sophia-Antipolis<\/p>\n\n\n\n<p>Realisatioun vum Site: IDEAL COM Villantipolis, Villa N\u00b06, 473\nRoute des Dolines, 06560 Sophia-Antipolis<\/p>\n\n\n\n<p>Propriet\u00e9it vum Site: EMERA CS 12100 \u2013 06254 MOUGINS CEDEX<\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\">PROPRIETE INTELLECTUELLE<\/h2>\n\n\n\n<p>EMERA ass Titulaire vun de Rechter am Zesummenhang mat der\nPropri\u00e9t\u00e9 intellectuelle fir de Site a s\u00e4in Inhalt.<\/p>\n\n\n\n<p>An d\u00ebser Eegenschaft ass EMERA Titulaire vum Numm vum Domaine\nwww.emera.fr a Propri\u00e9t\u00e4r vun den Droits d\u2019auteur, d\u00e9i mam Inhalt vum Site\nverbonne si souw\u00e9i vun de Rechter als Produzent vun den Datebanke vum Site.<\/p>\n\n\n\n<p>Doriwwer eraus ass\nEMERA och Titulaire vun den Exploitatiounsrechter vun der Mark an der\nfrans\u00e9ischer \/ europ\u00e4escher Unioun.<\/p>\n\n\n\n<p>Den Zougang zu de\nServicer g\u00ebtt exklusiv op d&#8217;Benotzung vum Benotzer \u00ebnnert de Bed\u00e9ngungen a\nLimitten, d\u00e9i an den Allgemenge Benotzungsbed\u00e9ngunge festgeluecht sinn an um\nSite k\u00ebnne consult\u00e9iert ginn, beschr\u00e4nkt.<\/p>\n\n\n\n<p>Deemno ass\nbesonnesch verbueden, den Zougang zu de Servicer an der Absicht den\nInternetsite, d&#8217;Servicer an hir duerch d&#8217;Droits d&#8217;auteur, d&#8217;Markerecht,\nd&#8217;Softwarerecht, d&#8217;Rechter vun den Datebankproduzenten oder duerch en anert\nRecht vun der Propri\u00e9t\u00e9 intellectuelle gesch\u00fctzten Inhalter ganz oder deelweis\nerauszekop\u00e9ieren, ze reproduz\u00e9ieren, ze verwenden, weiderzeverkafen, ze\ntauschen, ze verlounen ze \u00e4nneren, unzepassen, ze verbesseren, sief et gratis\noder g\u00e9int Bezuelen.<\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\">PERS\u00c9INLECH DONN\u00c9E\u00cbN<\/h2>\n\n\n\n<p>D\u00e9i gesammelt\nInformatioune ginn informatesch trait\u00e9iert, fir d&#8217;Relatioun t\u00ebschent EMERA an\ndem Benotzer ze verbesseren an hien iwwer Promotioune vun EMERA ze inform\u00e9ieren\noder eventuell d&#8217;Kandidature vu Benotzer fir eng Aarbechtsplaz bei EMERA ze\nbeaarbechten.<\/p>\n\n\n\n<p>Laut dem Gesetz\n&#8220;Informatique et Libert\u00e9&#8221; vum 6. Januar 1978, ge\u00e4nnert am Joer 2004,\nan dem d&#8217;Reglement (EU) 2016\/679 vum Europ\u00e4esche Parlament a vum Rot vum 27.\nAbr\u00ebll 2016, huet de Benotzer d&#8217;Recht, d&#8217;Informatiounen, d\u00e9i hie betreffen, ze\nconsult\u00e9ieren, ze \u00e4nneren, ze verbesseren, ze l\u00e4schen an ze iwwerdroen. Hie kann d\u00ebst Recht\naus\u00fcben, andeems hien un EMERA un d&#8217;Adress, 45 All\u00e9e des Ormes \u2013 E\u2019Space park B\n\u2013 CS 12100 \u2013 06254 MOUGINS Cedex schr\u00e9ift, oder en E-Mail un d&#8217;Adress\narco@emera.fr sch\u00e9ckt.<\/p>\n\n\n\n<p>De Benotzer ka sech\noch, aus legitimme Gr\u00ebnn, dem Traitement vun den Donn\u00e9e\u00ebn, d\u00e9i hie betreffen,\noppos\u00e9ieren oder fuerderen, den Traitement anzeschr\u00e4nken.<\/p>\n\n\n\n<p>Fir weider\nInformatiounen iwwer d&#8217;Man\u00e9ier, w\u00e9i pers\u00e9inlech Donn\u00e9e\u00eb vun EMERA gesammelt a\nbeaarbecht ginn, g\u00ebtt de Benotzer opgefuerdert, d\u00e9i Allgemeng\nNotzungsbed\u00e9ngungen ze consult\u00e9ieren.<\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\">DEN DROIT \u00c0 L\u2019IMAGE RESPEKT\u00c9IEREN<\/h2>\n\n\n\n<p>All Persoun,\nonofh\u00e4ngeg vun hirem Bekanntheetsgrad, huet en exklusiivt Recht op hir\nOfbildung an op d&#8217;Verwendung vun d\u00ebse Biller. Si ka sech deemno der Reproduktioun\nan der Verbreedung vun d\u00ebse Biller oppos\u00e9ieren.<\/p>\n\n\n\n<p>D&#8217;Bild vun enger\nPersoun stellt eng pers\u00e9inlech Donn\u00e9e duer, an deemno g\u00ebllen och hei\nd&#8217;Gronds\u00e4tz vum Gesetz &#8220;Informatique et libert\u00e9s&#8221;. D&#8217;Verbreedung\niwwer en Internetsite vun engem Bild oder engem Video vun enger Persoun zum\nBeispill muss de Schutzprinzipie vum ge\u00e4nnerte Gesetz vum 6. Januar 1978\nentspriechen. D\u00ebs Prinzipie stinn am Aklang mat de Garantien, d\u00e9i sech aus dem\nDroit \u00e0 l&#8217;image erginn (CNIL).<\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\">GOOGLE ANALYTICS<\/h2>\n\n\n\n<p>D\u00ebse Site benotzt\nGoogle Analytics, en Tool, dat Cookies asetzt. D&#8217;Donn\u00e9e\u00ebn, d\u00e9i vun d\u00ebse Cookies\nbei \u00c4rer Benotzung vum Site gener\u00e9iert ginn (dozou zielt och \u00c4r IP-Adress), gi\nvu Google op Serveuren an den USA iwwerdroen an do gesp\u00e4ichert. Google benotzt\nd\u00ebs Informatioun, fir \u00c4r Benotzung vum Site ze evalu\u00e9ieren, fir Berichter iwwer\nd&#8217;Aktivit\u00e9it vum Site fir den Editeur zesummenzestellen an aner D\u00e9ngschter am\nZesummenhang mat der Aktivit\u00e9it vum Site a mat der Benotzung vum Internet\nbereetzestellen. Google kann d\u00ebs Donn\u00e9e\u00ebn \u00ebnner \u00cbmst\u00e4nn un Dr\u00ebttparteie\nweiderginn, wann eng gesetzlech Verflichtung virl\u00e4it oder wann d\u00ebs\nDr\u00ebttparteien d&#8217;Donn\u00e9e\u00eb fir Google trait\u00e9ieren, dozou zielt besonnesch och den\nEditeur vun d\u00ebsem Site. Google br\u00e9ngt \u00c4r IP-Adress net mat aneren Donn\u00e9e\u00ebn,\niwwer d\u00e9i Google verf\u00fc\u00fcgt, a Verbindung. Dir k\u00ebnnt d&#8217;Benotzung vu Cookies\ndesaktiv\u00e9ieren, andeems Dir d\u00e9i entspriechend Astellungen an \u00c4rem Browser\n\u00e4nnert. Duerch d\u00ebs Desaktivatioun kann awer d&#8217;Benotzung vu verschiddene\nFunktionalit\u00e9ite vum Site verh\u00ebnnert ginn. Wann Dir d\u00ebse Site benotzt, erkl\u00e4ert\nDir Iech ausdr\u00e9cklech domat averstanen, dass \u00c4r nominativ Donn\u00e9e\u00eb vu Google\n\u00ebnnert den uewe genannte Bed\u00e9ngunge souw\u00e9i zu de genannten Zwecker trait\u00e9iert\nginn.<\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\">MEMBERSCHAFT BEI DER ASSOCIATIOUN\nVU DE MEDIATEUREN: MEDIATIOUN DE LA CONSOMMATION AME<\/h2>\n\n\n\n<p>Mir weisen eis\nResidenten drop hin, dass de Clientsservice hinnen am Fall vun engem Str\u00e4itfall\nzur Verf\u00fcgung steet.<\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\">CLIENTSSERVICE\n<br>\nEMERA<br>\n98, rue Vaugirard | 75006 PARIS<br>\n<strong>Tel. : +33 (0)6 79 63 68 27<\/strong><br>\n<a href=\"http:\/\/www.emera.fr\/ecrire-au-service-relations-clientele\/\">Kontakt Clientsservice<\/a><\/h3>\n\n\n\n<p>Wann t\u00ebschent dem\nGroupe Emera oder enger vu senge Filialen an dem Verbraucher keng Eenegung \u00e0\nl&#8217;amiable konnt fonnt ginn, oder wann de Verbraucher keng \u00c4ntwert op seng\nReklamatioun krut, da kann hie sech bannent engem Delai vu maximal engem Joer\nun d&#8217;M\u00e9diation de la Consommation AME wenden.<\/p>\n\n\n\n<p>Bei de Str\u00e4itf\u00e4ll,\nd\u00e9i vun der Verbraucher-Mediatioun concern\u00e9iert sinn, handelt et sech\nhaapts\u00e4chlech \u00ebm Str\u00e4itf\u00e4ll am Zesummenhang mat de Leeschtungen, d\u00e9i am\nOpenthaltsvertrag virgesi sinn, d.h. Streidegkeeten iwwer d&#8217;Facturatioun, den\nAccueil, den \u00cbnnerhalt vun der W\u00e4sch\u2026 Vun d\u00ebsem Dispositif ausgeschloss si\nGesondheetsd\u00e9ngschter, d\u00e9i vu Gesondheetsexpert\u00eb fir d&#8217;Patienten erbruecht\nginn, fir hire Gesondheetszoustand ze evalu\u00e9ieren, ze erhalen oder nees\nhirzestellen, dozou zielt och d&#8217;Verschreiwung, d&#8217;Administratioun an\nd&#8217;Bereetstellung vu Medikamenter oder medezinesche Leeschtungen.<\/p>\n\n\n\n<p>De Verbraucher\nbefaasst d&#8217;M\u00e9diation de la Consommation AME iwwer den Internet oder um Postwee,\nandeems hien e Formulaire ausf\u00ebllt, deen um Site verf\u00fcgbar ass, an d\u00e9i n\u00e9ideg\nDokumenter, d\u00e9i seng Demande belee\u00ebn, dob\u00e4ileet.<\/p>\n\n\n\n<p>D&#8217;Entit\u00e9it vun der\nM\u00e9diation de la Consommation AME best\u00e4tegt, dass si befaasst gouf, an den\nernannte Mediateur huet dr\u00e4i Wochen Z\u00e4it, fir fir d&#8217;\u00e9ischt emol iwwer\nd&#8217;Zoul\u00e4ssegkeet vun der Demande ze entscheeden. Hien huet duerno 3 M\u00e9int Z\u00e4it,\nfir seng Missioun ze erf\u00ebllen (ausser am Fall vun enger Verl\u00e4ngerung bei\nkomplexen Dossieren).<\/p>\n\n\n\n<p>Um Enn vun d\u00ebser\nFirst vun 3 M\u00e9int \u00ebnnerbreet de Mediateur e Virschlag, et sief dann, d&#8217;Parteie\nwieren op seng Initiativ hin zu enger Eenegung komm.<br>\nEt steet all Partei fr\u00e4i, de Virschlag vum Mediateur unzehuelen oder net.<\/p>\n\n\n\n<p>Wann d\u00e9i vum\nMediateur ugebuede L\u00e9isung akzept\u00e9iert g\u00ebtt, g\u00eblt se als verbindlech fir\nd&#8217;Parteien a setzt dem Str\u00e4itfall t\u00ebschent hinnen en Enn. No d\u00ebser Akzeptatioun\nkann deeselwechte Str\u00e4itfall net nach eng K\u00e9ier viru Geriicht bruecht ginn, et\nsief dann, et trieden nei Elementer op.<\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\">Coordonn\u00e9e\u00eb vun der AME:<\/h3>\n\n\n\n<p>\u2013 Postadress:&nbsp;<strong>AME CONSO Angela ALBERT \u2013\nPr\u00e9sidente, 11 Place dauphine, 75053 PARIS CEDEX 01 \u2013<\/strong><\/p>\n\n\n\n<p>Elektronesch Adress:&nbsp;<strong>www.mediationconso-ame.com<\/strong>&nbsp;\u2013<\/p>\n\n\n\n<p>Telefon:&nbsp;<strong>09.53.01.02.69<\/strong><\/p>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>DATESCHUTZBET\u00cbMMUNGEN D&#8217;Benotze vum Site, dee vun der Gesellschaft EMERA ver\u00ebffentlecht g\u00ebtt, bedeit fir all Benotzer, dee vun de Servicer vum Site profit\u00e9iere w\u00ebll, d&#8217;bed\u00e9ngungslost Unhuele vun de folgende Best\u00ebmmungen&nbsp; an [&hellip;]<\/p>\n","protected":false},"author":4,"featured_media":0,"parent":0,"menu_order":0,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","template":"","meta":{"_seopress_robots_primary_cat":"","_seopress_titles_title":"","_seopress_titles_desc":"","_seopress_robots_index":"","footnotes":""},"class_list":["post-18290","page","type-page","status-publish","hentry"],"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/www.alysea.lu\/lx\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/18290","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/www.alysea.lu\/lx\/wp-json\/wp\/v2\/pages"}],"about":[{"href":"https:\/\/www.alysea.lu\/lx\/wp-json\/wp\/v2\/types\/page"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.alysea.lu\/lx\/wp-json\/wp\/v2\/users\/4"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.alysea.lu\/lx\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=18290"}],"version-history":[{"count":2,"href":"https:\/\/www.alysea.lu\/lx\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/18290\/revisions"}],"predecessor-version":[{"id":18292,"href":"https:\/\/www.alysea.lu\/lx\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/18290\/revisions\/18292"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/www.alysea.lu\/lx\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=18290"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}