ENG PLAZ VOLLER ROU AN HARMONIE
An eisem Haus, dat eréischt viru Kuerzem gebaut gouf, fannt Dir all moderne Confort an all d‘Equipementer, déi Dir braucht.
D’Altersheem läit matzen an engem schéine Gaart an deem klengen Dierfche Crauthem. En ideaalt Ëmfeld, dat Iech Rou, Gebuergenheet a Sécherheet garantéiert.
Dës Lag, nëmmen e puer Minutte vun der Stad ewech, bitt eise Seniore vill kulturell, sozial a Fräizäitaktivitéiten…
OPNAMMÉIGLECHKEETEN
D’Residenz hëlt semi-autonom, fleegebedürfteg an/oder desorientéiert Leit op ënnerschiddleche Plazen op, déi un hir jeeweileg Betreiung ugepasst sinn an hinnen e personaliséierten Accueil bidden.
Jee no eisen Disponibilitéiten an Äre Wënsch kann d’Fleegeheem Alysea Seniore fir en temporären Erhuelungs- oder Vakanzesejour oder permanent bei sech ophuelen.
WËLLKOMM AN ÄREM DOHEEM
Ob individuell oder an der Koppel, mir bidden Iech generéis Privatraimlechkeeten: Zëmmeren, Suitten an Appartementer, déi iwwer all Confort verfügen a mat Goût ageriicht sinn.
Dir kënnt och Är Miwwele matbréngen an d’Dekoratioun upassen, wéi et Iech gefält.
E WUERT VUN DER DIREKTIOUN
Et ass eis eng grouss Freed, Iech an engem waarmhäerzegen a frëndlechen Ëmfeld bei eis opzehuelen. Dir sollt iech hei ganz ewéi doheem fillen, dat ass eise gréisste Wonsch. Ob individuell oder an der Koppel, ob permanent oder fir e kuerze Sejour, eis Equippen stinn Iech mat hirem ganze Professionalismus zur Säit, fir Iech an Ärem Alldag behëlleflech ze sinn an Iech Confort a Sécherheet ze bidden.
Wëllkomm an e schéinen Openthalt bei eis.


EIS ZËMMEREN
EIS NÄCHST EVENEMENTER
This post is also available in: French