Mat Hëllef vum Roude Kräiz ënnerstëtzen d’Jardins d’Alysea déi ukrainesch Flüchtlingen.

Scho säit enger Zäitchen leit et den Awunnerinnen an Awunner vun de Jardins d’Alysea um Häerz, Léit a Nout ze hëllefen. Mat der Ënnerstëtzung vun den hëllefsbereete Betreierinnen a Betreier bleiwen d’Awunnerinnen an d’Awunner an enger empathescher a guttmiddeger Usaz mat der Aussewelt a Kontakt.

D‘Solidaritéit leit am Blutt bei de Jardins d’Alysea

Dës Approche erméiglecht de Seniorinnen a Senioren sech am Alldag nëtzlech ze maachen an passt gutt an hir Philosophie: Vill vun hinnen hu virdru fräiwëlleg fir verschidden Organisatiounen geschafft, wéi zum Beispill d’Rout Kräiz, um Bazar International a vill méi. “Eis Awunnerinnen an Awunner wollte schonn ëmmer aneren an Nout hëllefen, sief et duerch den Télévie an Associatioune wéi de Le Petit Prince, oder duerch Campagnë fir Kriibskrank Kanner a Kanner Spideeler”, erkläert d’Isabelle Wirtzer, Direktesch vum Jardins d’Alysea.

Méi Ënnerstëtzung fir ukrainesch Flüchtlingen

Zënter dem Ufank vun den Onrouen an der Ukrain an der Arrivée vun den ukrainesche Flüchtlingen zu Lëtzebuerg ass et d’Haaptprioritéit vun de Jardins d’Alysea an hiren Awunnerinnen an Awunner, si gutt ze ëmfänken an z’ënnerstëtzen. Am Abrëll huet d’Altersheem d‘Roud Kräiz kontaktéiert fir nozefroen, wat d‘Flüchtlingen am Meeschte brauchen. Als Resultat hunn d’Jardins d’Alysea al Miwwelen, Matrassen, Këssen a méi gespent fir de Flüchtlingen hir temporär Wunnberäicher besser ze equipéieren.

All Bedeelegte bleift awer motivéiert an engagéiert, dat léit drun, dass e puer vun hinne schonn e Krich materlieft hunn an sech un déi schwiereg Zäit am Zweete Weltkrich erënneren.

Dofir hunn d’Vertrieder vun de Jardins d’Alysea, zesumme mat hiren Awunnerinnen an Awunner, dem Roude Kräiz e Scheck vun 1.000 € iwwerreecht fir den ukrainesche Flüchtlinginnen a Flüchtlinge weider op hirem Wee ze hëllefen.

Dës Scheckiwwerreechung huet e Freideg, de 25. November, bei enger klenger Zeremonie, wou verschidde Leit eng kleng Ried gehalen hunn, statt fonnt. Och eng Awunnerin, déi hiert ganzt Liewe fräiwëlleg beim Roude Kräiz geschafft huet, huet e Wuert gesot. Et waren och Vertrieder vum Roude Kräiz, déi d’humanitär Wäerter vun der Associatioun representéiert hunn.

Dank den Awunnerinnen an Awunner an dem ganze Personal vun de Jardins d’Alysea hellt déi géigesäiteg Ënnerstëtzung ni en Enn!