Eist Zil
D’Entscheedung, opgrond vun engem gesondheetleche Problem, engem Gefill vun Onwuelsinn, Onsécherheet oder Middegkeet am alldeegleche Liewen an e Fleegeheem ze goen ass eng komplex an delikat Liewensphas.
Ouni d’Schwieregkeet vun der Aufgab fir Iech an Är Léifst erofspillen ze wëllen, ass et eist Uleies an eise Wëllen, Iech op dësem Wee ganzheetlech ze begleeden. Duerch eisen Accueil an eist opmierksaamt a personaliséiert Nolauschtere wëlle mir dofir suergen, datt Ären Antrëtt an en Alters- a Fleegeheem net zu engem Broch, mee zu enger positiver a beräicherender Kontinuitéit fir Iech gëtt.
Eist Verspriechen
Mir suergen an engem Ëmfeld vun der Gemeinschaft an dem géigesäitege Respekt fir d’Liewensqualitéit an d’Wuelbefanne vun eise Bewunner.
Moossgeschneidert Betreiung
Individuell medezinesch Betreiung
Erfëllend Aktivitéiten
Kulturell, kënschtleresch an therapeutesch Aktivitéiten
Confortabel Zëmmer
130 Zëmmer, Suitten an Appartementer, dovu 35 Eenzelzëmmer an enger geschützter Unitéit
Kosmetik a Wellness
Manikür, Ästhetik, Balneotherapie, Pedikür, Coiffeursalon
Gourmetkichen
Véier Restaurante fir all Selbststännegkeetsniveau
Fräizäitoffere fir jiddwereen
Salonen, Bibliothéik, Receptiounssall, dee privatiséiert ka ginn, a Fräizäitraim