De 4. August 2023 huet eng Residente vun der 5-Stäre-Maison de soins zu Krautem „Les Jardins d’Alysea“ e memorabelen Dag erlieft. D’Madamm Élise Lanners-Kremer huet hiren 100. Gebuertsdag zesumme mat hirer Famill an hire Bekannte gefeiert. Dëse speziellen Ulass huet si a Presenz vun der Direktesch, der Madamm Isabelle Wirtzler, de Membere vun der Direktioun an dem Fleegepersonal gefeiert.
Déi emotiounsräich Feier war ëmsou méi bemierkenswäert, datt prominent Perséinlechkeete present waren, dorënner den Här Max Hahn, Minister fir Famill, Integratioun an d’Groussregioun, esouwéi de Buergermeeschter vun der Gemeng Ierpeldeng-Sauer, den Här Claude Gleis an d’Schäffe vun der Gemeng Réiser, d’Madamm Bettina Ballmann an den Här Angelo Lourenço. Niewent de ville Blummebouqueten a Kaddoen ass d’Madamm Lanners-Kremer och mat der Medail „L’Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg“ ausgezeechent ginn, déi de Minister Max Hahn hir stellvertriedend fir de Grand-Duc iwwerreecht huet.
D’Madamm Élise Lanners-Kremer, déi de 4. August 1923 op d’Welt komm ass, huet fréier zwee Caféë bedriwwen. An hirer Jugend war si Proprietairin vum „Café Henri VII“. Spéider, wéi se ongeféier 40 Joer al war, huet se en anert Lokal, de „Café des Sports“ zu Ettelbréck opgemaach. Hiert ganzt Liewe laang huet se schwéier geschafft, ouni jee hir Stonnen ze zielen.
D’Madamm Lanners-Kremer ass am Januar 2018 an d’Residenz „Les Jardins d’Alysea“ agezunn. An hirer Fräizäit beschäftegt se sech gär mat Strécken, Baken a Gaardenaarbecht. Se genéisst d’Gesellschaft vun deenen aneren a bitt ëmmer hir Hëllef un, esoubal d’Geleeënheet sech ergëtt.
Eng vun den zwou Niessen, d’Michèle, war natierlech bei de Feierlechkeeten dobäi. Déi sinn am Nomëtteg virugeféiert gi mat engem wonnerschéine Gebuertsdagskuch, deen d’Madamm Lanners-Kremer och e puer Membere vum Personal an de Residentë vun der „L‘Orangerie“ zum Beschte ginn huet.