Ausfluch an de Royal Palace

20. Juni 2024

D’Bewunner vun den Jardins d’Alysea hunn en onvergiesslechen Dag am Royal Palace zu Kirrwiller erlieft. Nom fréie Start hu si e aussergewéinlecht Kabarett erlieft, an deem 40 Kënschtler aus der ganzer Welt d’Publikum mat beandrockenden Optrëtter verzaubert hunn. Den Dag ass mat enger Heemrees voller schéiner Erënnerungen op en Enn gaangen.