Mat Hëllef vum Roude Kräiz ënnerstëtzen d’Jardins d’Alysea déi ukrainesch Flüchtlingen.

Scho säit enger Zäitchen leit et den Awunnerinnen an Awunner vun de Jardins d’Alysea um Häerz, Léit a Nout ze hëllefen. Mat der Ënnerstëtzung vun den hëllefsbereete Betreierinnen a Betreier bleiwen d’Awunnerinnen an d’Awunner an enger empathescher a guttmiddeger Usaz mat der Aussewelt a Kontakt.

D‘Solidaritéit leit am Blutt bei de Jardins d’Alysea

Dës Approche erméiglecht de Seniorinnen a Senioren sech am Alldag nëtzlech ze maachen an passt gutt an hir Philosophie: Vill vun hinnen hu virdru fräiwëlleg fir verschidden Organisatiounen geschafft, wéi zum Beispill d’Rout Kräiz, um Bazar International a vill méi. “Eis Awunnerinnen an Awunner wollte schonn ëmmer aneren an Nout hëllefen, sief et duerch den Télévie an Associatioune wéi de Le Petit Prince, oder duerch Campagnë fir Kriibskrank Kanner a Kanner Spideeler”, erkläert d’Isabelle Wirtzer, Direktesch vum Jardins d’Alysea.

 

 

Méi Ënnerstëtzung fir ukrainesch Flüchtlingen

Zënter dem Ufank vun den Onrouen an der Ukrain an der Arrivée vun den ukrainesche Flüchtlingen zu Lëtzebuerg ass et d’Haaptprioritéit vun de Jardins d’Alysea an hiren Awunnerinnen an Awunner, si gutt ze ëmfänken an z’ënnerstëtzen. Am Abrëll huet d’Altersheem d‘Roud Kräiz kontaktéiert fir nozefroen, wat d‘Flüchtlingen am Meeschte brauchen. Als Resultat hunn d’Jardins d’Alysea al Miwwelen, Matrassen, Këssen a méi gespent fir de Flüchtlingen hir temporär Wunnberäicher besser ze equipéieren.

All Bedeelegte bleift awer motivéiert an engagéiert, dat léit drun, dass e puer vun hinne schonn e Krich materlieft hunn an sech un déi schwiereg Zäit am Zweete Weltkrich erënneren.

Dofir hunn d’Vertrieder vun de Jardins d’Alysea, zesumme mat hiren Awunnerinnen an Awunner, dem Roude Kräiz e Scheck vun 1.000 € iwwerreecht fir den ukrainesche Flüchtlinginnen a Flüchtlinge weider op hirem Wee ze hëllefen.

Dës Scheckiwwerreechung huet e Freideg, de 25. November, bei enger klenger Zeremonie, wou verschidde Leit eng kleng Ried gehalen hunn, statt fonnt. Och eng Awunnerin, déi hiert ganzt Liewe fräiwëlleg beim Roude Kräiz geschafft huet, huet e Wuert gesot. Et waren och Vertrieder vum Roude Kräiz, déi d’humanitär Wäerter vun der Associatioun representéiert hunn.

Dank den Awunnerinnen an Awunner an dem ganze Personal vun de Jardins d’Alysea hellt déi géigesäiteg Ënnerstëtzung ni en Enn!

En Tour op d‘Schueberfouer

Den éischte September konnte sech d’Awunnerinnen an Awunner vun de Jardins d’Alysea op e Besuch op der Fouer freeën. Et gouf gelaacht, genaschelt a sech gutt ameséiert.

Ubord vun der Princesse Marie-Astrid

D’edukativ Ekipp hat eng Schlemmerfaart-Sortie op der M.S. „Princesse Marie Astrid“ organiséiert. D’Passagéier konnte wärend der Faart wonnerschéin Ausblécker, Wéngerten, Dierfer, Hiwwelen a Bëscher genéissen. Eng flott Ofwiesslung!

Concerten am Jardins d‘Alysea

Am Juni hate mir d’Éier am Numm vum Summerfest mat der Fondatioun EME zesummen ze schaffen a verschidde Kënschtler bei eis ze invitéieren, déi eis e ganzen Nomëtte laang eisen Alldag vergiesse gelooss hunn. Sie hunn Géi a Gittar gespillt an dobäi gesongen an hunn eis déi ganz Bandbreet vun der klassescher Musek genéisse gelooss an eis Zuschauer sproochlos zréck gelooss.

De 15. Juli 2022 gouf vun der nämmlechter Stëftung en Duett mat Gesang, Gittar a Braatsch ugebueden.
Wann Dir bis elo nach net d’Méiglechkeet hat e Concert vun de Museker*inne vun der Fondatioun EME ze besichen, da luet d’Team vun den Erzéier*innen Iech häerzlechst zur nächster Editioun an, déi ee mol de Mount stattfënnt.

Mëtt September goufen eis Awunner*inne vun engem Concert vun engem Saxophonist verzaubert.

D’Summerfest

Onst Summerfest ass ganz am Zeeche vun der Kiermes organiséiert gi mat Dekoratiounen, Animatiounen a Kostümer vu fréier.

Nom Mëttegiessen ass d‘Tombola ausgeléist ginn, bei där et flott Präisser ze gewanne gouf. De ganzen Dag sinn et flott Animatioune ginn, déi de ganze Mëtteg iwwer eis Bewunner a Bewunnerinne verzaubert hunn an enger schéiner, festlecher a geselleger Atmosphär.

Ausflug an de Royal Palace

19 Bewunner a Bewunnerinnen aus dem Jardins d’Alysea hunn de Spektakel am Cabaret Royal Palace besicht an eng aussergewéinlech Welt entdeckt, an där Fantasie a Realitéit aneneen iwwer ginn.

Sänger, Jongleuren, Dänzer, Seeldänzer, Illusionisten an Zauberer… bal 40 héich begaabte Kënschtler aus der ganzer Welt hunn d’Zuschauer mat hirem Rhythmusgefill, hirer Risikobereetschaft, hirer Virtuositéit an hirer Kreativitéit bei ofwiesslungsräichen an faszinéierenden Nummeren. Virun der Show hunn eis Awunner an engem Restaurant vum Royal Palace eng traditionell franséisch Kichen a festlecher a musikalescher Atmosphär genoss..

Entdeckt eis nei Internetsäit!

Mir hunn eis Internetsäit nei strukturéiert, fir d’Navigatioun ze vereinfachen. Se erméiglecht et Iech elo méi wéi jee d’Contenuen, déi Dir sicht, einfach ze fannen a mécht Är Navigatioun méi effikass a méi intuitiv.

Se ass op Franséisch entwéckelt ginn, mee déi däitsch an déi lëtzebuergesch Versioune komme geschwënn no.

Entdeckt besonnesch ënner der Rubrik „Aktuelles“ alleguerten d’Neiegkeete vun eiser Residenz. Mir hoffen, datt Iech den neie Layout gefält. Zéckt net, eis Är Froen, Kommentaren a Virschléi ënner „Kontakt“ matzedeelen.