En Tour op d‘Schueberfouer

Den éischte September konnte sech d’Awunnerinnen an Awunner vun de Jardins d’Alysea op e Besuch op der Fouer freeën. Et gouf gelaacht, genaschelt a sech gutt ameséiert.

Concerten am Jardins d‘Alysea

Am Juni hate mir d’Éier am Numm vum Summerfest mat der Fondatioun EME zesummen ze schaffen a verschidde Kënschtler bei eis ze invitéieren, déi eis e ganzen Nomëtte laang eisen Alldag vergiesse gelooss hunn. Sie hunn Géi a Gittar gespillt an dobäi gesongen an hunn eis déi ganz Bandbreet vun der klassescher Musek genéisse gelooss an eis Zuschauer sproochlos zréck gelooss.

De 15. Juli 2022 gouf vun der nämmlechter Stëftung en Duett mat Gesang, Gittar a Braatsch ugebueden.
Wann Dir bis elo nach net d’Méiglechkeet hat e Concert vun de Museker*inne vun der Fondatioun EME ze besichen, da luet d’Team vun den Erzéier*innen Iech häerzlechst zur nächster Editioun an, déi ee mol de Mount stattfënnt.

Mëtt September goufen eis Awunner*inne vun engem Concert vun engem Saxophonist verzaubert.

D’Summerfest

Onst Summerfest ass ganz am Zeeche vun der Kiermes organiséiert gi mat Dekoratiounen, Animatiounen a Kostümer vu fréier.

Nom Mëttegiessen ass d‘Tombola ausgeléist ginn, bei där et flott Präisser ze gewanne gouf. De ganzen Dag sinn et flott Animatioune ginn, déi de ganze Mëtteg iwwer eis Bewunner a Bewunnerinne verzaubert hunn an enger schéiner, festlecher a geselleger Atmosphär.

Ausflug an de Royal Palace

19 Bewunner a Bewunnerinnen aus dem Jardins d’Alysea hunn de Spektakel am Cabaret Royal Palace besicht an eng aussergewéinlech Welt entdeckt, an där Fantasie a Realitéit aneneen iwwer ginn.

Sänger, Jongleuren, Dänzer, Seeldänzer, Illusionisten an Zauberer… bal 40 héich begaabte Kënschtler aus der ganzer Welt hunn d’Zuschauer mat hirem Rhythmusgefill, hirer Risikobereetschaft, hirer Virtuositéit an hirer Kreativitéit bei ofwiesslungsräichen an faszinéierenden Nummeren. Virun der Show hunn eis Awunner an engem Restaurant vum Royal Palace eng traditionell franséisch Kichen a festlecher a musikalescher Atmosphär genoss..